Beaufort
info@taff.lu
TEL. +352 283 862-62

D'Hygiène ass eise Ple!

Respekt fir Clienten a Mataarbechter.

Net nëmmen dobaussen ass alles propper. Och op der Toilette.


Dir wësst et ...

mat Gléck hunn d'Handwierker Dixi Toiletten op engem Chantier, soss musse si d’Toilette vun engem Supermarché benotzen oder souguer d’Toilette beim Client doheem. Dat soll haut a sech eng Saach vun der Vergaangenheet sinn. Trotzdem ass dat warscheinlech d'Norm am Handwierk a weist weder Respekt fir d'Mataarbechter, nach fir d'Clienten.

De Respekt ass awer e ganz wichtege Grondsteen vun der TAFF Philosophie. An dozou gehéiert och a virun allem de Respekt virun der Ëmwelt an der Gesondheet vun de Clienten/Mataarbechter. D'Géranten hunn sech also zu dësem delikaten Thema selwer Gedanke gemaach. Eng aner Léisung huet misse fonnt ginn, souwuel wéinst der Hygiène fir d‘Clienten an d‘Handwierker, wéi och wéinst dem Respekt virun der Privatsphär vun de Clienten.

Well keen existent Konzept konnt geholl ginn, huet TAFF ugefaang, driwwer nozedenken. Zeechnunge vun engem klengen Trailer mat enger spezieller agebauter Toilette, Pissoir a Lavabo goufe gemaach, mat enger Dier mat Schlass, Luucht a Gerochventilatioun. Fir datt d'Handwierker sech wärend hirem Openthalt wuel fillen, sollt dat Ganzt och op eng attraktiv Manéier entworf ginn.
Mir hunn eng spezialiséiert Firma gesicht a fonnt, déi eis déi Wënsch erfëllt. Déi mobil Toilette gouf no eise Spezifikatiounen an héiger Qualitéit gebaut. Dës ass elo am Asaz. D'Handdicher ginn all Dag opgefëllt. D‘Poubelle gëtt all Dag eidel gemaach an den Interieur gëtt gebotzt sou datt héich Hygiènestandarden agehale ginn. Desinfektiounsmëttele sinn och u Bord a gi reegelméisseg opgefëllt.  

D'Privatsphär vun de Clienten gëtt sou wéineg, wéi méiglech, beaflosst. Dës Léisung gouf vun alleguerte ganz gutt ugeholl, sou datt fënnef speziell Gefierer, déi duerno bestallt goufen, all direkt mat engem agebaute WC equipéiert.  

All Teamleader ass verantwortlech fir säi Gefier, och d'Propretéit an d'Hygiène vun de Sanitäranlagen. Dëst garantéiert datt d'Toilette fir d'Handwierkerteams ëmmer propper gehale ginn.

Fir TAFF ass dat eng wierklech gutt Investitioun an d‘Zukunft. Clienten a Mataarbechter si frou mat dëser effektiver Léisung. An d'Thema Dixi Toiletten ass vum Dësch! D'Propretéit ass eise Métier. An d’Hygiène ass elo eise Pleséier.

D'Propretéit ass eise Métier. An d’Hygiène ass elo eise Pleséier.