Beaufort
info@taff.lu
TEL. +352 283 862-62
Marco Schmitz - Gérant TAFF DRONE

Botzen ass eise Métier.


TAFF DRONE setzt nei Moossstänn.

Mat enger Mëschung aus der Expertise vum TAFF Reinigungsdéngscht – als ee vun de Maartféierende an der manueller Botzung vu Fassaden, Terrassen, Natursteen a méi zu Lëtzebuerg – an visionärem Virausdenken ass d'Iddi vun TAFF DRONE entstanen.
Mat eiser innovativer Drónentechnologie a geschoulte Mataarbechter bidde mir éischtklasseg Fassaden-, Daach- an PV-Anlagen-Botzung per Botzdrone un. An dat alles mat schounender an effizienter Methodik.

TAFF DRONE
steet zu sengem Wuert.

ALL MATAARBECHTER ASS SECH SENGER VERANTWORTUNG BEWOSST AN WELL CLIENT MAT KOMPETENZ; ZOUVERLÄSSEGKEET AN DISKRETIOUN IWWERZEEGEN.

FIRWAT
TAFF DRONE?

PÜNKTLECHKEET

Pénktlechkeet ass fir eis den Ausdrock vu Respekt. Mir huelen Är wäertvoll Zäit ganz eescht a liwweren den Devis an d’Leeschtung zum ofgemaachten Zäitpunkt!

VERTRAUENSVOLL BEHANDLUNG

Mir schätzen et wierklech datt Dir eis Äert Vertraue gitt fir an Ärer Privatsphär ze schaffen. Dir kënnt op déi virsiichteg a vertrauensvoll Behandlung vun Ärem Besëtz vertrauen.

Héchst Qualitéit

Qualitéit ass, wann de Client zeréck kënnt an net d‘Wuer!“ Mir hätte gär, dass Dir Fans vun TAFF gitt! Dat geet nëmme mat Top-Qualitéit.

Diskretioun

Mir kennen d‘Ängschte, wann Handwierker am/beim eegenen Doheem schaffen. Dir kënnt Iech drop verloossen, dass mir oppassen an esou onopfälleg, ewéi nëmme méiglech, schaffe wäerten.

Perfekt Propretéit

Knascht sicht Dir no der Aarbecht bei Iech ouni Succès. Mir botzen alles bis an de leschten Detail, esou wéi wann et bei eis doheem wier.
MÉI IWWERT D'HYGIÉNE

Ausgebilt Mataarbechter

Bei eis fannt Dir nëmmen an eisem internen Trainingsprogramm héich forméiert Spezialisten. Nëmmen esou kënne mir eis eege Standarden erfëllen.